De Grondstee vum haitege Moudenhaus Hochstetter huet de Geschäftsmann Theodor Sommer (*31. Mäerz 1865, + 04. Dezember 1934) geluecht. Hien hat bis dohinner d'Textilhaiser Hochstetter & Lange zu Köln, Koblenz an Oochen gefouert. 1894 sinn déi zougemaach ginn an den Här Sommer huet en neit Textilhaus op Nr 13 an der Simeonstrooss zu Tréier gegrënt, wat hien och selwer gefouert huet. Den Numm "Hochstetter & Lange", dee jo schonn a Rheinland-Pfalz agefouert a bekannt war, huet hie bäibehalen. An dësem Haus goufe fir d'éischt Stëfter, Kottengwueren, Hochzäits-Trousseauen a Riddoen ugebueden, vun 1902 un och Dammekonfektioun.
Aus gesondheetleche Grënn huet den Theodor Sommer sech 1923 aus der Geschäftsféierung zréckgezunn an déi sengem Jong Oskar Sommer (*10. September 1901, + 02. November 1966) iwwerginn. Bis zum II. Weltkrich war den Oskar Sommer sou erfollegräich, datt en 1937 zwee Geschäfter ënnert dem Numm "Textilhaus Sommer" zu Berlin opgemaach huet. Wéi déi am Krich zerstéiert goufen, huet säin Interessi nëmme méi dem Haus zu Tréier gegollen.
Mat der Währungsreform vun 1948 goung dem Oskar Sommer seng eigentlech Schaffensperiod réischt un. Aus den Iwwerreschter vum ganze Gebaikomplex an engem Hannergebai, gouf d'Geschäftshaus nees opgebaut; 1950 war et bal nees an deem Zoustand wéi virum Krich. Zu dëser Zäit hunn 200 Mataarbechter bei Hochstetter & Lange hiert Brout verdéngt. Den Oskar Sommer ass den 2. November 1966 no kuerzer, schwéierer Krankheet gestuerwen. Seng Duechter Monika Sommer (* 20. November 1938), déi spéider Madame Louisoder, huet d'Féierung vum Geschäft iwwerholl.
1992 ass den Oliver Louisoder (*5. Dezember 1966), der Monika Louisoder hire Jong, an d'Geschäftsdirektioun ageklommen, an 2002 huet d'Monika Louisoder him d'Direktioun ganz iwwerlooss.