deutsche Versionenglish VersionLëtzebuergeschFrançais



Kommt, gitt mat äis duerch déi 4 Etagë vun eisem Traditiounshaus!

Am Sous-sol fannt Dir trend-orientéiert Moude fir déi Jonk a fir déi, déi et bliwwe sinn.

Um Rez-de-chaussée sinn eis "Basics" doheem. Ob Dir lo Boxen, Räck oder gestréckte Saache sicht, hei hutt Dir eng immens moudesch Auswiel.

E puer Träppleke méi héich, am Entre-sol, fënnt déi jonk Business-Fra alles fir den Alldag oder fir owes: vu moudesch-elegant bis trendeg-modern.

Weider geet et op den éischte Stack. Hei ass d'Plattform fir jonk a renomméiert Designer, déi fir e perfekten Optrëtt bei Dag an Nuecht suergen. Hei fillen sech och d'Amateure vu klassescher Moud wéi doheem.