deutsche Versionenglish VersionLëtzebuergeschFrançais

  • Aussergewéinlech Berodungsqualitéit vun eise Mataarbechterinnen

    Op Wonsch begleet Är Beroderin Iech duerch d'ganzt Haus a fënnt bestëmmt en individuellen an typegerechten Outfit fir Iech.
  • Konnekartei ouni Kaart

    mir späicheren Iech an eiser Kartei ënnert Ärem Numm an Ärer Adresse, ouni datt Dir eng Konnekaart kritt. All Är Akeef ginn ënnert Ärem Numm enregistréiert, an Dir gitt permanent iwwert déi aktuell Aktioune vun eisem Haus informéiert. Donieft kritt Dir bei engem Joresëmsaz vun op d'mannst 500 € dräi Prozent vun Ärem Ëmsaz zuguttgeschriwwen

  • Gedrénksservice

    Mir hunn ëmmer eng Erfrëschung an eng gemittlech Sëtzgeleeënheet fir Iech parat. Entspaant Iech an eise Loungeberäicher a sicht Iech an aller Rou Äre léiftsten Outfit eraus.
  • Reservéierungen an Eenzelbestellungen

    Wann e bestëmmten Artikel oder eng bestëmmte Gréisst an engem bestëmmten Ament net do ass, da versiche mir gären, fir Iech dat Richtegt ze bestellen.
  • Auswiel

    Hutt Dir keng Zäit, fir en Artikel bei äis am Haus unzeprobéieren, oder Dir wëllt deen Ärer Famill fir d'éischt mol weisen? Kee Problem, dir huelt den Artikel einfach mat heem, fir déi richteg Auswiel ze treffen.
  • Ëmtausch a Reklamatiounen

    Sollt et virkommen, datt eng Wuer vun äis e Feeler huet, oder Dir hutt Iech an der Gréisst versinn, dann huele mir déi Wuer selbstverständlech an ouni weider Komplikatiounen zréck.
  • Akafen ouni Suen

    Et ass einfach a kammoud. Mir huelen d'EC-Kaarten an och all aner Kreditkaarten un.
  • Wéckel-Eck

    De Wéckel-Eck fir Äre Bëbee gëtt e puermol am Dag kontrolléiert a gebotzt; hei ass genuch Plaz, fir Äert Kand a Rou frëschzemaachen.
  • Apak-Service

    Net eleng dat wat dran ass, zielt;, och dat, wat ronderëm ass; mir paken Iech alles an!
  • Geschenk-Bong

    Eise Geschenk-Bong ass ëmmer eng gutt Iddi; méi individuell a perséinlech geet et net.
  • Ofännerungen

    Alles soll perfekt sëtzen. An eisem hauseegenem Schneideratelier schneidere mir Iech alles op de Läif a schécken Iech d'Wuer, wann der wëllt, ouni Käschten heem.
  • Mir sinn op

    Vu méindes - freides 9.30 - 19.00 Auer a samschdes vun 9.30 - 18.00 Auer si mir gäre fir Iech do!